Zum Inhalt springen

Wichteg Informatiounen 

Als Eltere mengt een et gutt a wëll sengem Kand hëllefen. Mee net all Problem, de mir als Eltere gesinn, ass och e Problem fir d'Kand. Ech schaffen dowéinst nëmme mat Kanner a Jugendlechen, déi un hiren Themen schaffe wëllen. 

Vertrauen ass en immens wichtege Facteur am Liewen, de vill bewierkt.  Et brauch een et fir sech entwéckelen ze kënnen, mee och fir mat engem Friemen (den ech jo dann zumindest bei der éischter Begéinung sinn) iwwer Themen, déi engem noginn, schwéier falen oder penibel sinn, ze schwätzen. Dowéinst ass et a mengen An e schlëmme Vertrauensbroch  an eng Respektlosegkeet géigeniwwer vum Kand, wann Eltere Rendez-vous'er huelen ouni dem Kand ze soe firwat et bei mech kënnt. Stell dir fir, wéis du dech géings fille wann däin beschte Kolleeg oder deng beschte Frëndin dir hannert dengem Réck en Rdv bei engem Therapeut geholl hätt. Wiers du an dem Fall bereet mat dem Therapeut ze schaffen? Warscheinlech net, mee vum Kand gëtt dat erwaart. Leider ass dëst scho méi wéi emol virkomm. An sou Fäll huelen ech mir d'Recht eraus op eng Zesummenaarbecht ze verzichten.

Du bass d'Virbild fir däi Kand, wéis em dass du et ënnerstëtz, éierlech mat em bass a gemeinsam e Wee fanne wëllt.

Hypnos a Coaching setzen ëmmer d'Bereetschaft aktiv un eppes ze schaffe viraus. Wann däi Kand bereet ass eppes ze maachen, da sief du d'Ënnerstëtzung, déi et brauch. An enger Sëtzung gëtt vill geléist an awer brauch et deng Hëllef fir déi Changementer duerchzezéien. Dengem Kand säin Thema besteet net réischt säit gëschter. Accordéier em Zäit fir déi Adaptatiounen. Luef et, monter et op wann et e Réckfall huet. Déi Roll, déi's du als Elterendeel spills ass méi grouss wéi's du denks. Deng Astellung zu dem Ganze kann entscheeden op däi Kand gutt Resultater huet oder scheitert. 

Themen

U wat ech mat Kanner schaffen

  • Ängscht (z.B. Prüfungsangscht, Flugangscht, Angscht virum Doud,Lampenfieber,...)
  • Leeschtungsdrock & Konzentratioun (z.B. Blackouts, Präsentatiounen haalen,...)
  • Selbstvertrauen
  • Glawenssätz (z.B. ech kann dat net, ech sinn net gutt genug, ech sinn domm,...)

Kand an Elteren

Sidd dir bereet Folgendes ze maachen

  • um Thema ze schaffen
  • Kand ze ennerstëtzen
  • eppes ze änneren, wann néideg
  • Zäit ze investéieren (mindestens 2 Sëtzungen a kleng Übungen doheem)