Coaching
Coaching ass fir vill Léit e Begreff, den a verschidden Lifestiler benotzt get. Un sech versteht een enner Coaching en zillorientéierten Prozess. An eisem Fall ass et eng Begleedung zu dengem Zill.
Fir däin Zill ze errechen, schwätzen mir mateneen. Mir analyséieren d'Saach aus verschidden Bleckwenkel. Du kriss verschidden Methoden an Tools un d'Hand, déi dir an dengem Alldag hellefen. Des Gespreicher sinn en wäertvollen an wichtegen Deel vum Prozess, den mat Hypnos ennerstetzt a beschleunegt ka ginn.
Firwaat brauch ech dat?
Wanns du wéinst enger spezifescher Angscht bei mech kenns, ass de Coaching nëmmen en klengen Part vum Ganzen. Do get den gréissten Deel iwwert d'Hypnos geléist. Bei Themen déi sech em d'Selbstbild (Selbstvertrauen, Selbstwäert,...) dréinen, brauch e méi Zäit fir se ze léisen, well do oft eng Villzuel u Punkten sech akkumuléiert hunn. Du bass frou iwert all Schrëtt den du gemaach hues :) Du kanns awer onsecher ginn wéinst den Reaktiounen aus dengem Emfeld oder well eppes net sou gangen ass wéi erhofft. Dann ass et natierlech wichteg doriwer ze schwätzen an et net einfach ze ignoréieren, well et jo keng Hypnos ass. Dowéinst hunn ech mech fir den Numm Hypnoach, also Meschung aus Hypnos an Coaching entscheed, well mir beid Punkten wichteg sinn. A mengen An brauch een einfach béides :)
Hypnos
Hypnos ass en aneren Bewosstsinnzoustand. Et ass een konzentréiert an opmierksam, mee zur nemlechter Zäit kierperlech entspannt. Et schleift een net an dach ass engem d'Emwelt egal. Wann een d'Gehierstréim mossen géing, gesait een, dass d'Hypnos eng eegen Wellenaktivitéit am Gehier ass. Si verbënnt Beräicher déi am wakregen oder Schlofzoustand net verbonnen sinn. Duerch des Ännerung ass et méiglech belaschtend Verknüfungen ze léisen an doduerch Gewunnechten ze änneren.
Am Gehier ass alles wats du erliewt hues gespaichert. Du kanns dir et virstellen, wéi de Grond an d'Bewunner vun desem Biergséi. Dat ass dain Ennerbewosstsinn. Dain Bewosstsinn, oder dat wats du als dain Verstand bezeechens ass d'Waasser. Bierger, d'Wissen an den Himmel sinn däin Emfeld, deng Situatioun. Wann alles gut ass gesait et sou aus wéi symbolesch mat deser Foto ausgedreckt. Et ass alles schéin harmonesch.
