Themen mat denen ech schaffen
Fir mech huet sech am Laaf vun der Zäit rauskristalliséiert, dass ech net méi sou vill verschidden Themen ofdecken well.
Ech konzentréieren mech op Ängschte léisen, Selbstvertrauen opbauen a Blockaden, wéi Leeschtungsdrock, léisen.
Den een oder aneren Steen ass am Wee
Kruten mir déi Steng an de Wee? Hunn mir eis se selwer dohinn geluecht? Si kënnen eis wéi eng onüberwindbar Hürd virkommen. Mee wann een d'Steng als Méiglechkeet unhelt e besseren Wee ze fannen ass een e groussen Schrëtt wéider.
Eng Angscht muss een net gefangen halen, et kann een se iwerwannen an iwert sech erauswuesen. Saachen déi een sech nimols zougetraut hätt sinn méiglech, well een un sech gleewt a wees dass een et packt.
En ginn mol méi richt mol méi géi Phasen
Wien bass du an wéi gesäis du dech selwer? Sinn Froen déi een net an engem Dag beäntwerten kann. Do ass de Wee béi d'Entwert Zill.
Wéi d'Wasser wat den Bierg rofleeft, ginn et Phasen wou alles schnell weidergeet, een Changementer ganz schnell huet. Dann sinn rem Phasen wou et roueg ass, een Zäit brauch fir ze wuesen oder déi néideg Stäerkt ze fannen fir eppes unzegoen.

Du fenns däin Wee, en den zu dir passt
Vläit ginn mir däin Wee e Stéck zesummen, vläit och net, vläit net lo, vläit méi spéit. Egal wéis du dech entscheeds wäerts du däin Wee fannen.
Mäin Wee huet mech zu der Erkenntnis bruecht, dass ech nëmmen nach mat Léit schaffen, déi bereed sinn hiert Thema unzegoen. Wanns du een vun hinne bass, frëen ech mech dech kennenzeléieren :)
Fir mech ass de Wasserfall eng Quell vun der Energie, Fraiheet, Kraft a Rou, dowéinst notzen ech en hei symbolesch als Endstatioun vum Wee.