Zum Inhalt springen

Léisungsorientéiert Methoden fir Kanner

Hypnos a mindTV


D'Ursaachen vun Léierblockaden, Ängschten, Stress oder Verhaalensopfällegkeeten sinn an eisem Ënnerbewosstsinn vergruewen. Kanner hunn d'Fähegkeet selwer rauszefannen wou hiere Problem hier kennt an dann individuell Léisungen ze fannen. 

Wéi?

Op en et eng Hypnos fir Kanner oder mindTV nennt, kennt a mengen An an Erfahrung no op dat nemlecht Resultat eraus. Fir verschidden Kanner ass et méi spannend an interessant wann si hieren Kollegen erzielen kënnen "ech hunn eng Hypnos gemaach", aaner Kanner soen léiwer, dass si Fernseh am Kapp gekuckt hunn. Beides schafft mam Ennerbewosstsinn fir d'Ursaachen vum Problem ze erkennen an ze léisen. En gros kann en et op Folgendes resuméieren.

Mat hierer Fantasi an denen richtegen Froen fannen sie raus op de Problem hinnen helleft oder op en se un hierer Weiderentwecklung hennert. Je nodem zu wéiengem Schluss si kommen, entscheeden si wéi se en léisen. Do sinn der Kreativitéit keng Grenzen gesat. Nodems si et geléist hunn, siichen mir eng kleng Aufgab déi si all Dag maachen sollen fir de Changement ze festegen.

Dowéinst ass et wichteg, dass d'Elteren Kanner un déi Aufgab erënneren. D'Matarbescht an d'Astellung vun den Elteren ass genau sou wichteg, wéi déi Arbescht déi d'Kand an der Sëtzung leescht. 

Am nofolgenden Video get mindTV Method erklärt.


mindTV fir Elteren

Fir dass Elteren hier Kanner besser ënnerstetzen kënnen, gouf den Elteren-Portal vun mindTV gegrënnt. Op der Plattform ginn et vill Informatiounen, sodass Elteren sech bessen ranliesen kënnen a selwer mat hiere Kanner schaffen kennen. Et ass eng professionell an wäertvoll Ennerstetzung zu den Sëtzungen.

Elteren déi sech fir eng längerfristeg Begleedung entscheeden kréien, den Zougang am Wäert vun 150€ geschenkt.


Elternportal

Coaching


EchsenzähmerWährend  enger Sëtzung get net nëmmen mat mindTV oder Hypnos geschafft. Et ass och wichteg, dass d'Kand Strategien léiert mat Emotiounen eenz ze ginn. Situatiounen ginn aus verschiddenen Bléckwenkel betruecht, Verhalensweisen a Reaktiounen ginn beschwat. Dann kritt et Tools wéi den Echsenzähmer erklärt an léiert den unzewenden. Sou dass Kanner selbststänneg an der Schoul oder doheem dat Konzept uwenden an sech besser oder mi schnell berouegen kennen.

Den Echsenzähmer ass net nëmmen bei Kanner eng beléiften Art a Weis fir mat starken Gefiller wéi Roserei oder Angscht emzegoen. Et ass e Konzept dat emotional Intelligenz vum Kand fördert an em mat ënnerscheedlechen Metapheren helleft seng Gefiller kennenzeléieren an auszedrecken 

Kanner bei denen am Kader vun enger Setzung op desen Tool zereckgegraff get, kréien den Access am Wäert vun 150€ geschenkt. Sou dass si all Moment sech mat mat hieren Gefiller auserneen setzen an sech besser kennenléieren kennen.


Echsenzähmer 

Thematiken


Ech hunn mech op e puer Themen spezialiséiert. Bei mir bass du richteg wanns du Ängschten léisen wells (wéi zB Flugangscht, Prüfungsangscht (Blackout) oder aner spezifiesch Ängscht ), däin Selbstvertrauen opbauen wells, besser mat Leeschtungsdrock a Stress emgoen wëlls. 

Zwee aner Beraicher déi mir um Häerz leien ass Mobbingpräventioun an Familiencoaching. Do fënns du ennert denen passenden Rubriken weider Informatiounen.

Froen oder onsecher

 op et eppes fir däin Kand ass? 


Kontakt