Zum Inhalt springen

Häerzlech Wëllkommen bei Hypnoach

⎯ MENG PHILOSOPHIE

Wat mäin klengen Ustouss war, kann ech net genau soen. War et e Gespréich, e Gedanken, eng Idee déi bliwwen ass, egal wat den Ausléiser war, ech sinn dankbar, dass ech dem Impuls nogangen sinn.

Ech stinn dir op denger Rees zur Säit. Zesummen iwwerpréifen mir op däin Zill och wierklech dat ass wat du errechen wëlls. Nodems mir wessen wou deng Rees eis hiféieren soll, schaffen mir mat ënnerscheedlechen Techniken drun et ze erreschen.

Mol emotional, mol sachlech, mee emmer éierlech an authentesch begleeden ech dech sou wait wéis du wells.


"Du bass méi wéi's du denks."

"Ech kann dat net. Ech sinn net gutt genug. Wat sollen déi Aner nëmmen vun mir denken? " Vläit kommen dir des Glawenssätz bekannt fir. Wann net, gehéiers du zu denen Glécklechen, déi sech selwer genug vertrauen an driwer stinn :)  

Ech hunn lang Zäit net u mech gegleewt. Ech hunn mir méi Gedanken gemaach, wat anerer vun mir kéinten erwarden, wéi dass ech dat gemaach hunn wat mech glécklech mecht.

Reischt wéi ech den Courage hat mech op eppes Néies anzelossen; hunn ech ee Wee  entdeckt, den ech nimols a Betruecht gezunn hat. 

⎯ MAIN WONSCH

"Du bass eenzegaarteg a wäertvoll."

D'Liewen bitt eis sou vill Méiglechkeeten. Mir hunn lauter Weer virun eis. Mir mussen eis nëmmen entscheeden wat mir wëllen. "Nëmmen entscheeden" genau dat fällt sou schwéier. "Hunn ech déi richteg Entscheedung getraff? Wat ass, wann et schief geet?"

Léiwer keng Ëntscheedung treffen, wéi déi falsch. Léiwer näischt maachen, wéi eppes falsches. Léiwer dat maachen, wat anerer vun mir erwarden. Firwaat? Dat ass déi Fro déi een sech iergendwann stellt, wann den Kierper an Psych sech mëllen oder een duerch en Schicksalsschlag gezwongen ass eppes ze änneren.

Wéi géing et sech ufillen wann en sech selwer ass? Wann een am Aklang mat sengen Entscheedungen liewt? Wann Häerz a Verstand op enger Wellenlängt sinn? Wann een wees, ech sinn gutt sou wéi ech sinn, ganz egal wat anerer vun mir denken.

Dest sechert an selbstbewosst Gefill stellt sech automatesch an wann een seng Ängscht iwerwennt. Jo richteg gelies. Ängscht prägen eist Behuelen an eist Selbstbild ganz stark, dowéinst schaffen ech mat Kanner, Jugendlechen an Erwuesenen un hieren Ängscht fir dass si sech selwer verwierklechen kënnen. 

Dat duerch d'Ängschten geprägten Selbstbild, ass wéi wann een nëmmen een Deel vun der Wierklechkeet wouerheelt.









Et ass wéi wann e Schléier driwer lait. Wien schonn mol am Hierscht an de Bierger war, wees dass am Dal d'Wolleken hänken bleiwen

A wann een op de Bierg ropfiert oder ropgeet een mat dem schéinsten sonnegen Wierder belount get. Déi Vue, déi een uewen huet, léist een d'Ustrenungen vergiessen, déi een hat fir dohinn ze kommen. Et wees en einfach et ass dowäert gewiercht.

A genau dat ass et  wourun ech mat de Léit schaffen. Eng néi Perspektiv, Verständnis fir sech, en aneren Bléckwenkel, an e Gefill vun "ech sinn wäertvoll a gutt sou wéi ech sinn" sinn Ziller, déi ech mat jidderengem den bei mech kennt errechen wëll.

⎯ MENG MOTIVATIOUN

"Firwaat mes du Hypnos?" Ech kréien des Fro oft gestallt. Fir mech ass et eng Art a Weis fir engem op eng nohalteg an effektiv Art a Weis ze hëllefen. Et ass e Privileg, déi Verännerungen an der Ausstrahlung, um Gemüt innerhalb vun enger Setzung ze gesinn. Wann zum Beipill e Kand an der Praxis ass, dat sech selwer enner Drock setzt an Prüfungsangscht huet,  fillt et sech am Ufank kleng a strahlt dat och aus. Während der Setzung fänkt et un mat opbléihen, sech erlichtert ze fillen an no der Setzung strahlt et déi Erlichterung aus. Wann et no 2 Wochen remkennt a voller Stolz erzielt, dass et lo keen Bauchwéi méi huet, dass et Prüfung ouni Blackout schreiwen konnt, sinn dat fir mech déi onbezuelbar Momenter, wou ech meng Motivatioun hier kréien. 

Dat ass fir mech e Grond firwaat ech et maachen an main Beruff définitiv net géint en aaneren antauschen :) 


Virdeeler vun Hypnos 


Engerie tanken

Stress reduzeieren an besser managen

Zefriddenheet

mat sech selwer am Rengen sinn

Potential

notzen an verstoppten Talenter erkennen

Fräiheet

Ängscht a Blockaden léisen

Erkenntnisser

Vergangenes lassloossen a Verhalensweisen verstoen

Heefeg Froen

Ech schaffen souwuel mat Kanner wéi Erwuesenen. Kanner kënnen ab 5 Joer bei mech kommen. Majoritéit vun den Kanner, déi bei mech an d'Hypnos kommen, sinn teschend 8 an 13 Joer aal. Bei denen Erwuesenen ass et eng bont Meschung vun 16-Jähregen bis 77-Jähregen, woubai et däitlech méi Fraen sinn wéi Männer.

Ech hunn meng Praxis zu Héiweng, engem klengen Duerf zu Lëtzebuerg, net wäit vun der belger Grenz eweg. Ech man meng Sëtzungen a Couren op lëtzebuergesch an op däitsch.

Nee, leider net.

Eng Setzung kascht 120€. Wann déi geplangten Zäit vun 90 Minuten iwerschratt get, kascht et bis 2h 150€ an duerno den Prais vun 2 Sëtzungen (240€).

Wann een eng Setzung ofsoen muss, kann en dat bis 24h am Viraus gratis maachen, anerefalls get bei net Erschengen den Setzungstarif (120€) verrechent.

 Veränner däin Liewen. 

Erreech deng Ziller mat Hëllef vun Hypnos a Coaching.



Kontakt​​​​